Mir sichen dech fir den Info-Zenter Demenz!
Géift Dir gäre Mënsche fir Demenzerkrankunge sensibiliséieren, iwwer d’Erkrankungen informéieren an Opklärung leeschten? Ass Iech de mënschleche Kontakt wichteg?
Zur Verstäerkung vum Info-Zenter Demenz Team sicht d’Association Luxembourg Alzheimer zum nächstméiglechen Zäitpunkt en/g
Chargé(e) de projets (m/w/d)
(Psycholog/in, Pädagog/in oder Sozialwëssenschaftler/in)
CDI, 20-40 Stonnen/Woch, Karriärsstuf C7 (CCT SAS)
Gitt Deel vun engem engagéierten Team, dat Opklärung, Berodung an Ënnerstëtzung ronn em d’Demenz leescht. Mir freeën eis op Är Kandidatur!
Schéckt eis w.e.g. Är vollständeg Ënnerlagen (Motivatiounsschreiwen, Liewenslaf, Zensuren/Diplomer) bis zum 31.01.2026 un: jobs@alzheimer.lu
E PDF mat méi Informatiounen fannt Dir hei:
Info-Zenter Demenz_Chargé(e) de projets_2026