Telephone

Demenz verstoen

Saache vergiesse gehéiert heiansdo zum Alldag, wann ee méi al gëtt. Awer wéi kann een tëschent normaler Vergiesslechkeet an den éischten Zeeche vun enger Demenz ënnerscheeden? Wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et fir déi Betraffen, hir Familljen an déi Mënschen, déi si am Alldag begleeden?

Op dësem Informatiounsowend erkläert den Info-Zenter Demenz déi verschidden Ursaache vun enger Demenz, de Wee bis zur Diagnos an déi ënnerschiddlech Stadie vun der Erkrankung. Dir kritt och praktesch Rotschléi fir Mënsche mat Demenz besser ze verstoen a mat hinnen ze kommunizéieren.

Donieft léiert Dir d’Méiglechkeet vun der Preventioun kennen an entdeckt, wéi betraffe Persoune selwer e positiven Afloss op hire Krankheetsverlaf an hir Liewensqualitéit huele kënnen. Zousätzlech wäert den HIS säi Konzept fir seng Unitéit fir Mënsche mat neurokognitiven Problemer virstellen. Nom Virtrag ass Zäit fir Froen ze stellen a beim Patt d’Geleeënheet fir Erfarungen a Reflexiounen ze deelen.

Organisator(en) :

steinfort_commune_newlogo_101Studios-770x403 Commune de Steinfort W6724900FIA Hôpital Intercommunal de Steinfort

Teilen :

Demenz verstoen

Nützliche Informationen

Datum : 21. Oktober 2026

Zeitpläne : 18h30 - 20h30

Ort :

Hôpital Intercommunal de Steinfort (HIS)

Entrée CJPA 1, Rue de l’Hôpital L-8423 Stengefort

Gratis Umeldung:

activites.steinfort.lu
Tel.: 39 93 13 1

Sie haben weitere Fragen?

Wenn Sie weitere Fragen zu Demenz, Gedächtnisproblemen oder anderen verwandten Themen haben. Wir sind hier, um Ihnen zu helfen.

Téléphone

Telefon

+352 26 47 00

Formulaire

Über das Formular

Kontaktiere uns!

Zum Inhalt springen