RTL – 9.200 Persounen zu Lëtzebuerg hunn eng Demenz
Mir haten d’Freet den RTL am Kader vum Welt-Alzheimerdag bei eis am Info-Zenter Demenz begréissen ze dierfen.🧠🐿️
‘Den 21. September ass Weltalzheimerdag. Eng 9.200 Persounen hei am Land haten op Enn zejoert eng Diagnos vun Demenz, ongeféier 3,5% vun de Residenten iwwer 60. Well mer generell ëmmer méi al ginn, wäert dee Pourcentage an den nächste Joerzéngte weider klammen. Dofir ass d’Preventioun, déi fréi Diagnos, d’Sensibilisatioun an d’Begleede vu Concernéierte ganz wichteg.’
RTL – 9.200 Persounen zu Lëtzebuerg hunn eng Demenz
