GetBrainHealthy Emfroo
GetBrainHealthy ass eng Initiativ vun der Universitéit Lëtzebuerg, finanzéiert vum Fonds National de la Recherche, déi d’Gehiergesondheet an de Fokus setzt. D’Zil ass et, Wëssen iwwert d’Gehier op eng zougänglech Manéier un d’Bevëlkerung weiderzeginn, gängeg Neuromythen ze entkräften an ze weisen, wéi alldeeglech Gewunnechten – z. B. Beweegung, Schlof, sozial Kontakter oder mental Aktivitéit – zu enger gudder Gehiergesondheet bäidroen.
Am Kader vu GetBrainHealthy gëtt eng wëssenschaftlech Ëmfro duerchgefouert. Si beschäftegt sech domat, wat Mënschen iwwer Gehiergesondheet wëssen, wéi si se am Alldag verstoen a wéi eng Gewunnechten si hunn. D’Participatioun ass fräiwëlleg an anonym an dauert 10 Minuten. D’Resultater ginn benotzt, fir Fuerschung zur Gehiergesondheet virunzedreiwen a fir Sensibiliséierungs a Preventiounsprogrammer besser un d’Bedierfnesser vun der Bevëlkerung unzepassen. Zesumme fir d’Gehirgesondheet – maacht mat!
Survey: https://ulsurvey.uni.lu/index.php/744747?lang=en
Website: https://getbrainhealthy.org/luxembourg/